Admin Admin

Number of posts: 4 Age: 20 Localisation: Letzebuerg Registration date: 2007-06-02
 | Subject: Et ass net emmer einfach! Wed 6 Jun - 21:21 | |
| Wei ech kleng war, hun ech eng Keier um Fernseh en Reportage gesin, wu se gewissen hun, wei Kéi am Schluechthaus "verschafft" gin.
Ech wärt eng 4 Joer gehaat hun, mee dee Reportage wärt ech wuel ni mei vergiesen. Mat enger scho baal ekelhafter Keelt huet den Kommentator erklärt wi de Kéi den Hals opgeschnidden gett an et waar makaber wi en voller Stolz verkenneg huet, dass dessen "Akt" de Kéi kengerlei Schmärzen bereed.
Vun deem Daag un, haat ech emmer en komescht Gefill beim Fleesch iessen. Ech si mer "schëlleg" virkomm, ech hu mech selwer als deen gesin deen deem Déier den Hals opgeeschnidden huet. Maach sin, dass et idiotesch klengt, mee ech konnt Fleesch net mei mat Genoss assozieiren.
Emmer wann ech mech gefroot hun, solls de daat lo wirklech iessen, hun ech ronderem mech gekuckt(et muss een wessen, dass ech an enger fleesch-begeeschterter Famill liewen) an hun Zweifel kruet ob et um Fleesch louch, oder ob ech den eigentlechen Problem waar.
D'Decisioun vir Vegetarier ze gin, hun ech reischt vrun 2006 geholl. Ech waar mat menge Gewessenbesser op de Punkt komm, dass ech verschidden Zorten Fleesch gies hun, an aanerer guer net. Frai nom Moto. "Entweder ganz oder guer net" sin ech Vegetarier gin. An, waat soll ech soen, ech sin zanter engem Joer "clean".  |
|